Connect with us

Questions parlementaires

Wéi laang dauert d’Ausbezuelen vun der Subsiden fir Photovoltaiksanlagen

Persounen, déi Photovoltaiksanlagen op hiert Haus installéieren, kënnen zënter enger Rei Joren eng Subventioun fir d’Installatioun ufroen („Klimabonus“). Déi Primm gëtt ausbezuelt, nodeems d’PV-Anlag installéiert gouf. Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 6969 goung ervir, dass d’Délaien am Joer 2022 fir d’Ausbezuelen vun de Primmen immens laang waren, am Duerchschnëtt 182 Deeg. Mëtt 2022 war deemno nach keng eenzeg Primm vum lafende Joer ausbezuelt. An der Äntwert op d’Fro 7163 gouf versprach, dass „alles dru gesat [géif ginn] fir déi momentan Retarde beim Ausbezuele vun de Primme schnellstméiglech ze reduzéieren, sou dass déi Fro sech an Zukunft net méi stellt.“ an, dass ee kompletten Dossier an engem Delai vu maximal 3 Méint misst traitéiert sinn. Dës Weidere gouf ugekënnegt, dass „d’Ëmweltverwaltung 10 weider Posten à durée déterminée zougesprach [kritt huet] fir d’Beaarbechtungszäiten ze reduzéieren a Stéit schnellstméiglech des finanziell Hëllefen zur Verfügung stellen ze kënnen“.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir d’Subventioun vu Photovoltaiksanlagen goufen 2022 oder virdru gemaach a sinn nach net ofgeschloss?  Wéi vill Demandë goufen 2023 gemaach a sinn nach net ofgeschloss?  Wéi vill Demandë goufen 2024 gemaach a sinn nach net ofgeschloss? 

  2. Wéi al ass déi eelsten Demande, déi agaangen ass an nach net ofgeschloss ass?

  3. Wat ass d’Duerchschnëttswaardezäit fir d’Ausbezuelen vum Klimabonus fir PV-Anlagen am Joer 2022, am Joer 2023 an am Joer 2024 (Stand Mäerz)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 531

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert