Connect with us

Questions parlementaires

Transparenz op Gemengeniveau

D’Bierger:innen am Land kommen an hirem Alldag oft a Situatiounen, wou se sech Froe stelle firwat de Staat oder firwat eng Gemeng eppes mécht, wéi se et maachen. Verschiddener maachen sech dann d’Méi, fir bei der Administratioun oder der Gemeng nozefroen. Transparenz feelt awer nach ëmmer op ville Plazen, wéi och eng Enquête zu der Transparenz beim Staat vum Service juridique vum Staatsministère aus dem Abrëll 2023 weist. An der Ënnersichung ass gekuckt ginn, wéi d’ofgeännert Gesetz vun 2018 zur Transparenz an Oppenheet vum Staat (och ATO genannt) genotzt gëtt.  Bei dëser Enquête hunn och 36 Gemenge matgemaach. Generell ginn iwwer 90% vun den Demanden am Kader vum ATO-Gesetz innerhalb vun 90 Deeg beäntwert. D’Etüd weist, dass och Gemenge Froe vu Bierger:innen a Journalist:inne kréien. A méi wéi der Hallschent vun de Fäll gëtt dann awer decidéiert, fir déi gefroten Dokumenter net ze verëffentlechen. Bei de Gemeng ginn a manner wéi 50% vun de Fäll Donnéeën erausginn. Um Enn sinn et vill Bierger:innen, déi opginn a kee Recours aleeë bei der Commission d’Accès au documents oder viru Gericht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Fonction publique hält an hire Lignes de bonne conduite fest, dass d’Bierger d’Recht hätten op eng passend Äntwert, déi kloer an einfach formuléiert ass an dëst an engem Délai raisonnable. Den Ombudsman hëlt hei d’Fauschtreegel vun engem Mount als Indicateur, ob eng Fro beäntwert ginn ass oder net.  Huet den Inneministère an deem Zesummenhang scho Kommunikatiounen un d’Gemenge geschéckt, wa jo wéi eng waren dat?

  2. Wéi kënne Bierger:innen zu hirem Recht op Informatioun komme speziell wat d’Gemenge betrëfft?

  3. Wat fir eng Conclusiounen huet d’Regierung aus der Enquête vun 2023 gezunn? Wat fir Ännerunge solle kommen? Wéi eng Ännerunge goufe scho gemaach?

  4. Firwat ass d’Prozedur op MyGuichet fir d’Commission d’accès au documents ze säiséieren net accessibel fir Demanden un Gemengen?  • Wäert dofir gesuergt ginn, dass dëst nogeholl gëtt?  • Wa jo, bis wéini? • Wäert de Minister hei de Kontakt mat de Gemengen ophuele fir dësen Tool auszeschaffen an si nach eng Kéier drop hinzeweisen, dass d’Kommissioun och fir Gemengendokumenter ka saiséiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 536

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert