Connect with us

Questions parlementaires

Atomstroum-Mix

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun de Piraten (n°135) hat d’Regierung erkläert, dass Lëtzebuerg a sengem Stroumix, dee mir am Ausland kafen, och Atomstroum matkeeft. Den nationale Stroummix hat deemno 2018 nach zu 10,4% aus Atomstroum bestanen.  Eng Motioun vun eis fir een Enn vum Atomstroum an eisem Stroummix vum Abrëll 2021 war an déi zoustänneg Chamberskommissioun verwise ginn, wou den deemolege Energieminister erkläert huet, dass d’Regierung een anere Wee wéilt goen.  Den 21te Mäerz huet den Premier um Atomenergie-Sommet erkläert, dass dës Regierung wéilt, datt weider an d’Entwécklung vun der Atomenergie investéiert gëtt an déi nuklear Fuerschung misst ënnerstëtzt ginn, och mat EU-Gelder.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech den „mix residuel“ an deene leschte 5 Joer entwéckelt?  Kann de Minister hei Zuelen opgeschlësselt no Energiesource a Prozenter nennen?

  2. Ass dës Regierung oppen, fir an Zukunft méi Atomstroum anzekafen? Akzeptéiert dës Regierung, wann an Zukunft méi Atomstroum an eisem Stroummix wäert landen?

  3. Ass dës nei Regierung net méi der Meenung vun hirer Virgänger-Regierung, datt Investissementer an Atomenergie dofir suergen, datt manner Geld un déi richteg nohalteg Energië fléiss, ewéi d’Solar- an d’Wandenergie?

  4. Eisen Informatioune no waren och Vertrieder vun der Banque européenne de l’investissement um Atomenergie-Sommet. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’BEI sollt an Atom-Projeten investéieren? Wa jo, géif d’BEI dee Moment méi Geld kréien oder géifen aner Projeten dofir fale gelooss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 523

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert