Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Versprache Leeschtung vun Chargy-Luetstatiounen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

A menger parlamentarescher Fro n°142 hat ech mech beim Minister informéiert, wéi vill Luetstatiounen hei am Land installéiert sinn a wéi vill an deenen nächste Joren solle bäikommen. Speziell zu de Schnellluetstatiounen huet de Minister informéiert, dass Enn 2023 eng 216 ëffentlech zougänglech Schnellluetstatiounen mat méi wéi 22kW zu Lëtzebuerg stinn. Elo ass et awer esou, dass net iwwerall Schnellluetstatioun dran ass, wou och Schnellluetstatioun dropsteet. Mir ass bekannt, dass verschidde Luetstatioune gedrosselt sinn oder de Luedevirgang manner staark ass, wann zwee Autoen op enger Borne lueden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass net all Schnelluetstatioun déi Leeschtung lueden, déi se uginn?

  2. Wéi eng Garantie hunn d’Clienten, dass déi Luetstatioun, wou se lueden, och tatsächlech dat luet, wat se uweist?

  3. Ass et ierféierend Werbung, wa Luetstatioune manner lueden, wéi dat, wat de Fournisseur versprécht? Misst Chargy deemno hei Adaptatioune virhuele bei den Informatiounen, déi affichéiert sinn?

  4. Wou kann den Chargy-Client sech informéieren, wéi eng Luetstatiounen an ënnert wéi enge Konditiounen net déi Leeschtung hierginn, déi se verspriechen?

  5. Hätt Creos genuch Capacitéit Stand haut fir déi versprache Leeschtung vun all de Bornë gläichzäiteg ze bréngen oder muss een Deel zu all Moment gedrosselt ginn?

Fro n°505

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 505

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert