Connect with us

Questions parlementaires

Erlabnis vun neien Tankstellen

Dës Regierung huet sech am Koalitiounsaccord zum Nationalen Klima- an Energieplang bekannt, wou eng Dekarboniséierung vum Transport kloere Bestanddeel ass. Grad Lëtzebuerg huet am Transportsecteur eng immens schlecht Bilanz virzeweisen wéinst dem Tanktourismus, well all Liter, dee mir hei am Land verkafen, eis ugerechent gëtt. An dëser Kohärenz misst dës Regierung u sech dofir suergen, dass an Zukunft op mannst net méi Petrol verkaf gëtt, wéi dat haut schonns de Fall ass. Den traditionnellen a klimaschiedlechen Tankstellereseau dierft deemno net weider ausgebaut ginn. Nom Bau vun enger neier Tankstell um Echangeur Steebrécken, hat ech dëse Punkt schonn a menge parlamentaresche Froen n°1303 an 1552 aus dem Joer 2019 opgeworf. An der Chamberssitzung vum 14te Mäerz 2024 hat ech de Minister dann op verschidde Projeten opmierksam gemaach, wou weider Tankstellen hei am Land solle gebaut ginn. Rezent gouf zum Beispill an der Sitzung vum 18te Mäerz 2024 am Péitenger Gemengerot een Terrain kaf mam Ziil, dass d’Gemeng den Terrain enger Petrols-Multinationale zur Verfügung stellt, fir eng Tankstell drop ze bauen. De Minister sot an der Chambersitzung, dass hien zu deem Moment nach keng Kenntnis vun esou Dossieren hat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet dës Regierung zum Bau vu weideren traditionellen Tankstellen hei am Land? 

  2. Stinn déi zoustänneg Ministèren dem Bau vu weideren Tankstelle favorabel géigeniwwer? 

  3. Wéi steet d’Regierung am Kontext vum Klimawandel dozou, d’Aktivitéit an d’Unzuel vu Petrolstankstellen an Zukunft mi streng ze kontrolléieren an erofzesetzen, souwéi d’Gesetzer et aktuell bei den Apdikten oder bei de Schanklizenzen maachen, wou d’Aktivitéiten och net liberaliséiert, mee mi streng encadréiert sinn? 

  4. D’Gemeng Péiteng huet an der Decisioun vum 18te Mäerz 2024 dovunner geschwat, dass d’Transaktioun am But vun der utilité publique gemaach gëtt. Ass den Ausbau vum Tankstellennetz als Utilité publique unzegesinn, grad am Kontext vun enger Klima-Urgence, déi weltwäit op internationalem Niveau unerkannt ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 494

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert