Connect with us

Questions parlementaires

Rekrutementsprozedur bei der Police

An engem Interview vum 19te Februar huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet beriicht, dass ronn 800 Leit hier Kandidatur gestallt haten, fir bei der Police ze schaffen, woubäi zum Schluss an engem Selektiounsprozess 200 Persounen ausgewielt goufen. De Minister gëtt heizou wéi follegt zitéiert: “„Wann der Leit astellt, kënnt ni jidderee bäi. Mä do si mer um excellente Wee, déi 200 bäi ze kréien. Wann een déi heiten Diskussioun virun engem Joer gefouert hätt, hätt ee gesot, et wier surrealistesch, déi 200 Persounen ze fannen. Elo hate mer der 700 + 100 fonnt.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi de Minister an der Äntwert op d’Fro Nummer 3444 geschriwwen hat, gouf kee Kandidat opgrond vum Sproochentest eliminéiert.  1. Wéi vill Kandidaten waren no der Réunion préliminaire vun den Examenskommissiounen fir de Sprochentest virgesinn? 2. Wéi vill Kandidaten waren no der Réunion préliminaire vun den Examenskommissiounen fir de Sportsexamen virgesinn? 3. Wéi vill Kandidaten waren no der Réunion préliminaire vun den Examenskommissiounen fir de psycholigeschen Test virgesinn? 4. Wéi vill Kandidaten waren no der Réunion préliminaire vun den Examenskommissiounen fir de finalen Entretien virgesinn? 5. Wéi vill Kandidaten hunn um Sportsexamen deelgeholl an dësen gepackt?  6. Wéi vill Kandidaten hunn um psychologeschen Test deelgeholl an dësen gepackt?  7. Wéi vill Kandidaten hunn um finalen Entretien deelgeholl?

  2. De Minister huet an der Äntwert op d’Fro n°3444 geschriwwen: “Wéi am Artikel 8 (1) vum groussherzogleche Reglement vum 29. Juli 2020 virgesinn, leet de President vun der Examenskommissioun dei sennvoll („utile“) Moossname fest fir d’Anonymiteit vun de Kandidaten an de Secret vun den Tester an den Deliberatiounen ze halen.” Wat fir eng sënnvoll Moossnamen goufe getraff, fir d’Anonymitéit vun de Kandidaten an deemno d’Neutralitéit vun der Bewäertung kënnen ze garantéieren?

  3. Weider huet de Minister a senger Äntwert op d’Fro n°3444 folgend Aussoe gemaach: “I. Jo, eng Rei Kandidaten hunn eng Reklamatioun bei der General lnspektioun vun der Police (IGP) agereecht. […] II. bei de psychologeschen Tester an dem Entretien wier eng Anonymiteit net nëmme kontraproduktiv, mee carrement contraire zu der Logik vun desen Epreuven.” 1. Kann de Minister ausschléissen, dass Membere vun der Examenskommissioun matkruten, dass Kandidaten sech bei der IGP beschwéiert hunn? Falls jo, op Basis vu wéi enge Fakte kann hien dat ausschléissen?  2. Wat fir eng sënnvoll Moossname goufe getraff, fir kënnen d’Anonymitéit vu grad dëse Kandidaten ze garantéieren?

  4. Wärend fir de Sportstest an de psychologeschen Test kloer Krittären am groussherzogleche Reglement vum 29te Juli 2020 festgeluecht goufen, sou bleift den Text dach relativ stomm, wat d’Evaluatioun am perséinlechen Entretien betrëfft. 1. Op Basis vu wéi enger Grille d’Evaluatioun goufen d’Kandidaten am finalen Entretien evaluéiert an eliminéiert? 2. Wien bestëmmt an dësem Entretien, ob de Kandidat et an d’Selektioun gepackt huet? 

  5. Gouf bei den Tester vun 2021 een Hannergrondcheck vun de Kandidaten duerchgefouert? Falls jo, wéi eng Fichieren goufen heifir gekuckt an op Basis vu wéi enger legaler Basis gouf dëst gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3754

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert