Connect with us

Questions parlementaires

Reouverture vum HORESCA-Secteur

Den Tourismus- a Gastronomiesecteur ass fir d’Gemengen op der Musel mat ee vun de wichtegste Wirtschaftssecteuren. Wärend op der anerer Säit vun der Musel déi däitsch Betriber vum Feierdag souwéi de folgende Bréckendeeg profitéiere konnten, hunn d’Betriber op dëser Säit vun der Musel keng Méiglechkeet gehat hier Dieren opzemaachen an hunn esou missten nokucke wéi um anere Bord vun der Musel d’Clientë bei waarme Wierder op den Terrasse souzen. De Buergermeeschter vu Réimech, Jacques Sitz, huet et wie follegt beschriwwen: ““Mat de Buergermeeschteren aus de Grenzgemengen si mir streide gaangen, fir dass d’Grenzen nees opginn. Dat ass jo elo geschitt an dat ass och schéin. Dat ass eng Säit vun Europa. Mä dann déi aner Säit muss ee kucken. Dës Säit sinn d’Restauranten zou. Mir kucken eriwwer op eis Noperen, do sëtzen d’Leit op den Terrassen, wat natierlech guer net flott ass fir déi Leit, déi hei e Commerce bedreiwen. Dat ass och net logesch a schwätzt géint Europa. Rheinland-Pfalz, Saarland a Lëtzebuerg hunn ënnerschiddlech Reegelen obwuel den Afloss vum Coronavirus dee selwechten ass.“” De Réimecher Gemengeconseiller & Vize-President vum Réimecher Geschäftsverband, Daniel Frères, beschreift d’Situatioun esou : ““An dat ass nach méi traureg, well mir d‘Informatioune kritt hunn, dass souguer Leit vun eiser Regierung an Däitschland op den Terrasse sëtzen, awer zu Lëtzebuerg ons HORESCA hir Diere weider muss zouloossen. Mam Resultat vu ville Faillitten an zegdausende Leit am Chômage.”” D’Entscheedung vun der Regierung, den HORESCA-Beräich zu Lëtzebuerg nach zouzeloossen, trëfft deemno bei ville Mënschen a Betriber hei am Land op Onverständnis ugesiichts, dass d’Leit nëmmen 200 Meter eriwwer an Däitschland brauchen ze fueren, fir do dann op enger Terrass eppes drénken ze kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet d’Regierung drop verzicht, fir den 21te Mee dem HORESCA z’erlaben erëm hier Dieren op ze maachen, wëssend, dass eis eege Bierger op hiert Gedrénks op déi aner Säit vun der Musel konsuméiere ginn?

  2. D’Ministere fir Wirtschaft, Mëttelstand an Tourismus hunn den 30te Mee als Datum fir d’Reouverture genannt. Wär et net sënnvoll gewiescht, fir d’Reouverture op den 21te Mee virzezéien?

  3. Wéi vill Ëmsaz ass dem HORESCA duerch d’Schléissung vun de Lokaler vum 21te bis zum 30te Mee verluer gaangen?  

  4. Wéi vill Entreprisen aus dem HORESCA–Beräich hunn am Mee 2020 Faillite gemellt? 

  5. Mat wéi vill Faillitte rechent Regierung insgesamt am HORESCA–Sektor bis Dezember 2020?

  6. Wéi vill Prozent vun allen Entreprisen am HORESCA kruten de Chômage partiel accordéiert?

  7. Wëssend, dass am HORESCA-Beräich net nëmmen de feste Salaire, mee och Drénkgelder (legal a versteiert), Feierdeeg souwéi Sonndeger eng wichteg Geldquell fir d‘Mataarbeschter sinn, gouf dëse Fakt am Calcul vum Chômage partiel wärend der Zwangs-Fermeture berécksiichtegt?

  8. Wéi weider Läit beriichten, goufen zwee Regierungsmemberen rezent an engem Restaurant zu Nenneg (Däitschland) gesinn an och fotograféiert. Kann d’Regierung confirméieren, dass déi zwee Regierungsmemberen an deem Restaurant waren? Falls jo, firwat waren dës Regierungsmemberen do, wann den HORESCA-Secteur zu Lëtzebuerg deen Dag nach zou war?

  9. Wäert Regierung de Kontakt mat de Partner an der Groussregioun sichen, fir gläich Reegelen am HORESCA-Beräich opzestellen? Goufe schonn éischt Gespréicher heizou gefouert?

  10. Wäert den Ënnerscheed tëscht enger Terrasse oder engem zouene Raum bei der Reouverture vum HORESCA-Beräich eng Roll spillen?

  11. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass d’Betriber am HORESCA elo tëscht der Ukënnegung bis zur Reouverture genuch Zäit hunn, fir genuch vun hire Fournisseure beliwwert kënnen ze ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2259

Continue Reading
2 Comments

2 Comments

  1. Thies Jean-Paul

    Mai 23, 2020 at 6:33 pm

    Ich habe ein Problem damit wenn der Profit wichtiger als die Gesundheit ist!

  2. Daniele Cousin

    Mai 24, 2020 at 8:11 pm

    Ech fannen groess restaurants an die mat terrasse sollten opmaan , mam gewessen abstand matiirlech . An die kleng missten eben vum staat geholleg kreien .

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert