Connect with us

Questions parlementaires

Voie expresse bei der Police

Dat neit Policegesetz, dat den 1ten August 2018 a Kraaft getrueden ass, huet am Artikel 94 eng speziell Prozedur, d’Voie expresse, virgesinn, mat där Polizisten an eng méi héich Karriäre wiessele kënnen. Polizisten, déi genuch Berufserfahrung noweisen, dierfen no där Reegel zum Beispill vum C1 an de B1 wiesselen. D’Cour Constitutionelle huet am Arrêt n°174 den 9ten Dezember festgehalen, dass dëse Mechanismus net am Aklang mat eiser Verfassung ass, well d’Rechtsprinzip vun der Gläichheet virum Gesetz an deemno den Artikel 10bis vun eiser Verfassung net respektéiert gëtt. De Problem besteet doranner, dass Persounen, déi duerch hiert Diplom een Urecht op eng B1-Karriär hätten, an der Voie expresse benodeelegt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Voie expresse, ugesiichts vum Urteel vun der Cour Constitutionnelle, an Zukunft weiderhi bei der Police bestoe bleiwen an ugewannt ginn?

  2. Wäert de Minister op dëst Urteel reagéieren a falls jo, wéi eng Ännerunge wäert d’Police un der Voie expresse virhuelen, fir dass d’Persounen an Zukunft net méi benodeelegt ginn?  Wäert de Minister eng Gesetzesännerung heizou preparéieren?

  3. Gedenkt de Minister d’Personalvertiedung bei der Léisung vum Problem ze consultéieren?

  4. Wéi gedenkt de Minister mat dene Leit ëmzegoen, déi seit dem Akrafttriede vum neie Policegesetz nom Prinzip vun der „confiance légitime“ vun der Mossnahm profitéiert hunn?

  5. Ass de Minister der Meenung, dass eng Reklasséierung op den 1ten August 2018 vun de Polizisten, déi een Diplom “Fin d’études secondaires“ oder äquivalent hunn, déi eenzeg gerecht Méiglechkeet ass, fir dee Feeler ze reparéieren?

  6. Ass de Minister der Meenung, dass d’Spezialprozedur vun der Voie expresse de richtege Wee ass? Wier et net méi einfach an och méi fair, dass een den Polizisten, déi sech iwwert hier Formatioun fir ee B1 qualifizéieren an dëst ufroen, automatesch iwwert en Reclassement den Accès an d’B1-Karriär opmécht? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7398

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert