Connect with us

Questions parlementaires

Opträg vun den CFL duerch de Fond du Rail

De Fonds du Rail gouf mam Gesetz vum 10te Mee 1995 an d’Liewe geruff an iwwert dëse Fong ginn Infrastrukturprojeten finanzéiert, déi dem Eisebunnsnetz hei am Land zegutt kommen.   Verschidde Projeten, déi vum Fong bezuelt ginn, ginn direkt vun den CFL als Prestataire realiséiert. D’CFL facturéieren op dëse Projeten, souwéi et bei Bauprojeten üblech ass, d’Käschten fir d’Entwécklung, d’Planung an d’Realiséierung, woubäi verschidde Posten, wéi d’Architekturkäschten oder d’Ingenieurskäschten bezuelt ginn, déi in-House ufalen.  Doriwwer eraus verrechnen d’CFL an dëse Fäll och eng Kommissioun, déi, wéi et an der Baubranche oft üblech ass, um Baupräis festgemaach ass. Dëst féiert awer a verschiddene Fäll dozou, dass Projeten, déi méi deier ginn, wéi ufanks geplangt, och zu méi héije Kommissioune féieren, woubäi letzen Endes och d’CFL dru matverdéngen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich sinn d’Kommissiounen, déi d’CFL am Duerchschnëtt fir Bauteprojeten beim Fonds du Rail froen? Wat ass de Medianwäert?

  2. Wéi vill Projeten beim Fonds du Rail goufen zënter 1995 vun den CFL als Prestatire realiséiert? 

  3. A wéi ville Fäll huet de Budget vu Projeten, déi vun den CFL realiséiert goufen, missten erhéicht ginn, well d’Käschten an d’Luucht gaange sinn, bzw. d’Käschte falsch geplangt goufen?

  4. Wéi vill Projeten goufen vun anere Firmen, ewéi den CFL, realiséiert a wien waren déi 5 gréissten Prestatairen (opgelëscht no Ausgaben)

  5. Existéieren Infrastrukturprojeten beim Fonds du Rail, déi an der Chamber gestëmmt goufen an déi bis haut nach net ugefaangen oder réaliséiert goufen? Wa jo, wéi eng Projeten sinn dëst a firwat stinn dës Projeten nach op?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7376

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert