Connect with us

Questions parlementaires

Wiessel vun Autosplacken

Um Site vun der SNCA kann een noliesen ““Il est interdit de changer le numéro d’immatriculation d’un véhicule déjà immatriculé au nom d’une personne. Une exception est faite lors du vol des plaques d’immatriculation.“” Mir ass bekannt, dass d’Plaquen och kënne gewiesselt ginn op Autorisation hi vum Minister, dofir awer trëffteg Grënn musse virleien. Een esou ee Grond ass, wann zum Beispill eng Persoun (Affer) an der Bedrohung ass, dass Iwweldéiter se iwwert hir Nummereplaque kéinten fannen. Dofir brauch een awer ee Beweis, wéi zu Beispill ee Procès-verbal vun der Police. Aktuell kann dat awer mol Wochen daueren.  An urgente Fäll, wou d’Leit an Angscht musse liewen, well ee si bedrot a ee riskéiert duerch d’Nummereplaque gesinn ze ginn, ass et awer eng Zoumuddung, esou laang op ee Wiesselen vun enger Nummereplaque ze waarden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Konditiounen muss eng Persoun erfëllen, déi hir Immatrikulatiounsplacken wëll änneren, wa se kee Vol deklaréiert?  Wéi eng Démarchë muss den Demandeur an deem Fall maachen a wat kascht de Wiessel an deem Fall? 

  2. Wat fir Konditiounen muss eng Persoun erfëllen, déi hir Immatrikulatiounsplacken wëll änneren, wa si ee Vol deklaréiert?  Wéi eng Démarchë muss den Demandeur an deem Fall maachen a wat kascht de Wiessel an deem Fall? 

  3. Féiert den aktuelle System an den Aen vun de Ministeren dozou, dass d’Leit tentéiert kënne ginn, fir ze léien, wa si wëllen, dass d’Plaque mi schnell gewiesselt soll ginn a fir sech esou d’administrativ Prozeduren an d’Käschten vun der Démarche z’erspueren?

  4. Besteht am aktuelle System de Risiko, dass Krimineller de System ausnotzen, andeems si einfach fir de Changement vun enger Plaque selwer Vol melden, fir d’Plaquenummer ze wiesselen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7961

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert