Connect with us

Questions parlementaires

Eng staark Strofverfolgung fir méi Sécherheet (Parquet)

Fir d’Sécherheet an eiser Gesellschaft ze garantéieren, brauch et ee staarke Rechtsstaat. Ee staarke Rechtstaat bedeit, dass Strofdoten erkannt, verfollegt a sanktionnéiert ginn. De Rechtsstaat funktionnéiert nëmmen dann, wa jiddereen d’Reegelen an eiser Gesellschaft respektéiert, well e wees, dass Strofdoten Konsequenze fir jiddereen wäerten hunn. Fir dass Strofdoten virun engem Geriicht landen, suergen hei am Land d’Police an de Parquet (Staatsanwaltschaft). Dofir muss d’Institutioun vum Parquet bescht méiglech equippéiert sinn, grad am Kontext vun engem staarke Bevëlkerungswuesstem, wéi en zu Lëtzebuerg zënter Jorzéngten stattfënnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech d’Personalsituatioun beim Parquet zënter 2017 entwéckelt (punkto Demissiounen, Wiesselen an aner Déngschter vum Staat, Pensiounen, Neiastellungen)? Wéi huet sech de Personalbestand zënter 2017, opgelëscht no Karriär (A1, A2, B1, C1), entwéckelt?

  2. Wéi huet sech d’Unzuel un Affären, déi beim Parquet agaange sinn, zënter 2017 entwéckelt?

  3. Wéi huet sech d’Unzuel un Affären, déi ouni Suitte klasséiert goufen, zënter 2017 entwéckelt?

  4. Wéi huet sech d’Unzuel un Affären, déi de Parquet viru Geriicht bruecht huet, zënter 2017 entwéckelt?

  5. Wéi laang brauch et am Duerchschnëtt, bis eng Affär vum Agang beim Parquet bis viru Geriicht bruecht gëtt?  Wéi huet sech dës Zuel zënter 2017 entwéckelt? 

  6. Falls d’Ministesch an de Parquet dës Zuelen net hunn, kann d’Ministesch erklären, wéi d’Aarbecht vum Parquet evaluéiert gëtt a falls jo, eng Oplëschtung mat alle Kennzuelen a „Key Performance Indicators“ maachen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8059

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert