Connect with us

Questions parlementaires

Privat Projeten opkaaft vum Staat

An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land vu Promoteuren ofkafen. Fir dës Wunnenge leet de Staat 55 Milliounen Euro op den Dësch.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op RTL heescht et „bei zwee Projete vun ëm 90 Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg an am Süde vum Land.“ Wéi vill Wunnengen wäerten et genau sinn?

  2. Wéi vill m2 wäerten déi eenzel Wunnengen hunn?

  3. Wéi vill kaschten déi jeeweileg Projeten eenzel gekuckt?

  4. Vu wei enge Firme wäerten dës Wunnengen ofkaaft ginn?

  5. Wou genau läit den Projet am Süden vum Land deen soll opkaaft ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8055

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert