Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: D’Leit faalen duerch d’Netz vun de Logementshëllefen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Logementskris huet am leschten Joer staark evaluéiert. D’Resultat ass awer nach ëmmer dat selwescht: ëmmer manner Leit kënnen sech een Eegenheem leeschten. Wann de Stad Hëllefen proposéiert, sinn dës och net ëmmer de Leit bekannt. An dësem Fall geet et ëm Leit, deenen hiren Revenu net niddreg genuch ass, fir kënnen vun der Gestion locative ze profitéieren, déi sech awer och mat Hëllefen wéi dem Bëllegen Akt keen Doheem kënnen kaafen an kee Prêt vun enger Bank kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wat mécht d’Regierung fir déi Leit, déi net vun der Gestion locative kënnen profitéieren, deenen awer gläichzäiteg de Revenu feelt, fir sech eppes selwer ze kaafen?

Fro n°8027

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8027

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert