Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: B100 Führerschäin

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Fir ee B100 Führerschäi muss ee scho mindestens 2 Joer laang säin Führerschäin an der B Kategorie besetzen a 7 Formatiounsstonne maachen ouni Examen. Mat dem B100 dierf een allerdéngs nëmmen zu Lëtzebuerg fueren. Dofir brauch een dann een A1 Führerschäin. Am Artikel vum Lëtzebuerger Wort „125 Kubik: Mit B-Führerschein nur innerhalb der Grenzen“ vum September 2020 erkläert de Minister, dass d’Belsch a Frankräich mat eis bei der EU-Kommissioun gefrot haten fir eng gemeinsam Unerkennung. Weider heescht et am Artikel: ““Allerdings würde die Europäische Kommission derzeit die Ergebnisse der entsprechenden EU-Richtlinie von 2006 überprüfen. Im Rahmen dieser Diskussionen würde Luxemburg fordern, eine mögliche Anerkennung der Führerschein-Regelung auf grenzüberschreitender Ebene in den neuen Text einfließen zu lassen.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’EU Kommissioun seng Evaluatioun vun der Richtlinn vun 2006 ofgeschloss? Wa jo, wat sinn d’Resultater?

  2. Kann de Minister eis informéiere wéini déi nächst EU-Führerscheinrichtlinne wäerten op Niveau vun der Kommissioun diskutéiert ginn? Falls et heivir keen Datum gëtt, wäert de Minister dëst Thema nach eng Kéier op EU Niveau opbréngen?

  3. Denkt de Minister, dass hei eng Kooperatioun tëscht eis an 2 vun eisen Nopeschlänner méiglech ass? Wa jo, wéini?

Fro n°7994

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7994

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert