Connect with us

Questions parlementaires

Geo-Tracking duerch CFL P&R

Lescht Woch gouf den neie Park&Ride zu Rodange offiziell ageweit an opgemaach. Dëse P&R soll dofir suergen, dass manner Leit mam Auto an d’Land fueren, mee hiren Auto hei stoe loosse fir mam Zuch oder Bus weider op hir Aarbechtsplaz ze fueren. Souwuel Frontaliere wéi och Awunner aus Lëtzebuerg kënnen de Parking dofir gratis notzen, 24 Stonne laang.  Fir dës gratis Offer kënne wouerzehuelen, mussen d’Leit awer eng App eroflueden an erlaben, dass dës App ee GPS-Tracking vun hinne mécht. Wien sech manner wéi 1,5 Kilometer vum Parking ewechbeweegt an duerno zeréckkënnt, dee muss de Parking bezuelen. Dës Method fir Parking-Abus’en ze verhënneren entsprécht net engem Prinzip vun Datespuersamkeet. Aner Parkingen, wéi z.B. de P&R Bouillon, hunn dëse System net an trotzdeem ginn et hei keng Abus’en, well de Parkingsticket maximal 24 Stonne laang gëlteg ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënne Leit, déi net wëlle vun der App getracked ginn, aner Méiglechkeete benotzen, fir vun der gratis Offer ze profitéieren?

  2. Wéi laang ginn d’Donnéeë vun der CFL-App gehalen a wou ginn se gespäichert?

  3. Wien huet Accès op d’Donnéeë vun der App a fir wéi eng aner Zwecker, wéi d’Kontroll vu Park-Abusen, gi se genotzt?

  4. Kënnen d’Donnéeën, déi d’App sammelt, genotzt ginn, fir Beweegungsprofiller vun de Leit unzeleeën?  Falls jo, ass dat de Modell vu Dateschutz an Datespuersamkeet vun dëser Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7921

Continue Reading