Connect with us

Questions parlementaires

Impakt vun der demografescher Entwécklung op de Wunnmarché

Wéi et aus der geschriwwener a geschwater Press ervir geet, stellt de Logementsminister sech vill Froen iwwert d’Logementskris zu Lëtzebuerg. Rezent huet de STATEC nei Bevëlkerungszuele publizéiert, aus deenen ervir geet, datt Lëtzebuerg am Joer 2022 erëm e Rekordzouwuess un neien Awunner ze verzeechnen hat. Offiziell ass eis Bevëlkerung – erëm, muss ee bal soen – ëm gutt 15.400 Unitéiten an d’Luucht gaangen. Dat ass bal esouvill wéi Hesper Awunner huet, an Hesper ass ëmmerhin déi siwentgréisst Gemeng am Land, demografesch gesinn.  Domat net genuch: bei deem Zouwuess handelt et sech em e Solde, et komme jo all Joer Leit an d’Land eran an et wanderen der och erëm aus. D’läscht Joer hat Lëtzebuerg esou méi wéi 31.000 Entréeën ze verzeechnen a gläichzäiteg méi wéi 17.000 Sortien, 17.227 fir genee ze sinn.  Aus der Logementsperspektiv eraus sinn natierlech déi zwou Zuelen interessant. Engersäits ass den Drock, dee vu baussen op de Wunnengsmaart dréckt, riseg, mat méi wéi 31.000 Leit, déi iergendwou ënnerkomme mussen. Anerersäits gi jo och méi wéi 17.000 Leit fort, déi also zumindest theoretesch e bëssen Drock ewech huele kéinten.      

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Hu mir iergendeng Indikatioun doriwwer, op déi Leit, déi fortzéien, dat fir ëmmer maachen an eventuell hir Wunneng zu Lëtzebuerg opginn oder se verlounen? • Wa jo, ëm wat fir eng Gréisstenuerdnung handelt et sech a kann ee soen, dass doduerch d’Offer um Wunnengsmaart e bësse méi grouss gëtt? • Wann nee, ass de Minister der Meenung, datt een déi Froen ee Mol ënnert d’Lupp misst huelen an entweder mam LISER, mat der UNI, mam STATEC, mat der Stëftung IDEA oder mat all deenen zesumme misst kucken, hei eng méi grëndlech Etude ze maachen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7928

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert