Connect with us

Questions parlementaires

Zutritt verwehrt – Dierfe Gemengeconseiller an d’consultativ Kommissiounen

D’Gemengegesetz gesäit a sengem Artikel 15 vir, dass all Gemeng zu verschiddene politeschen Themen een Aarbechtsgrupp opstelle kann, an deem Bierger aus der Gemeng an eventuell och weider Expären zesummen un een Dësch kommen, fir iwwer spezifesch Projete souwéi Problemer an der Gemeng ze diskutéieren a Léisungen dofir ze fannen. Dës Aarbechtsgruppe ginn ëmgangssproochlech consultativ Kommissioune genannt a sollen de Gemengeverantwortlechen duerch onverbindlech Avis’en bei hire politeschen an administrativen Entscheedungen hëllefen. D’Inhalter, déi an de Kommissiounssëtzunge beschwat ginn, gi meeschtens an engem Rapport oder engem schrëftlechen Avis festgehalen an un de Gemengerot weiderginn, deen dann doriwwer befënnt. Dës Rapporte sinn net mat engem Procès-verbal gläichzesetzen, mee spigelen d’Meenung vun der Majoritéit vun de Memberen aus de Kommissiounen ërem, déi – speziell a grousse Gemengen – oft vun de Majoritéitsparteie besat ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et engem Gemengeconseiller, deen net Member an enger Kommissioun ass, explizitt verbueden, am Kader vu sengem Mandat de Kommissiounssëtzungen als Gaascht bäizewunnen?  Falls jo, wat ass d’gesetzlech Basis vun dësem Verbuet? 

  2. Viraus gesat, datt keng Interessekonflikter am Sënn vum Artikel 20 vum Gemengegesetz bestinn, dierf eng Gemeng per Gemengereglement d’Präsenz vu Memberen aus dem Gemengerot an de Kommissiounssëtzungen verbidden? 

  3. Bewäert d’Ministesch esou ee Präsenzverbuet vum Gemengeconseiller an de Kommissiounen als een Aschnëtt an d’Kontrollfunktioun vum Gemengeconseiller? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4543

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert