Questions parlementaires
Ugrëff op UN-Zaldoten am Mali
Laut der däitscher Presseagentur koum et de Moien am Mali zu engem Ugrëff op Zaldote vun der UN-Missioun MINUSMA. Den Ausseminister hat an enger virrechter Fro (n°2683) bestätegt, dass Lëtzebuerger Zaldoten un der MINUSMA-Missioun Deel huelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Sinn och Lëtzebuerger an dës Attacke geroden?
Huet sech d’Risikolag fir eis Zaldoten a Poliziste verännert?
Plangt d’Regierung, fir eis Zaldoten ze rapatriéieren oder op der Plaz ze loossen? Falls d’Zaldote sollten am Mali bleiwen, wéi eng zousätzlech Sécherheetsmoossname gi getraff?
QP Nummer 4559