Connect with us

Questions parlementaires

Foussballsmatcher a Covid-Zäiten

An deene leschten Deeg huet ee Facebook-Post fir Opreegung gesuergt, an deem ee Foussballtrainer op d’Situatioun an der Éierepromotioun opmierksam gemaach huet. Konkret gëtt beklot, dass duerch dat aktuellt d’Covid-Gesetz nëmmen Matcher an der BGL Ligue dierfen gespillt ginn an d’Spille vu Matcher a méi niddregen Divisioune verbuede bleift, während gläichzäiteg awer aaner Rassemblementer vu bis zu 300 persounen duerch den Covid-Check méiglech sinn. Wéi d’Tageblatt bericht, huet d’FLF sech Mëtt Juni an engem Schreiwes un de Sportminister gewannt, fir nozefroen, ob et mam néidegen Hygieneskonzept net méiglech wier, Matcher an den ënneschten Divisiounen ze organiséieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister esou ee Schreiwes kritt? Wann jo, wat war d’Äntwert, déi de Minister un d’Vertrieder vun der FLF weidergeleet huet?

  2. Hält de Minister ee Saison-Start dëse Summer fir realistesch, ugesiichts der Tatsaach, dass bis mindestens Mëtt Juli keng Matcher dierfen organiséiert ginn? Falls jo, wat fir Léisunge kann de Sportminister de Veräiner proposéieren, fir dass si prett si fir de Saisonsstart Mëtt August?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4581

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert