Zwangsbestietnisser

Ëmmer nach kënnt et vir, dass jonk Meedercher oder Jongen an anere Länner géint hire Wëlle bestuet ginn. Ee Bäitrag op der Website vun Amnesty International beschreift dëse Phänomen esou: “Obwohl Zwangsverheiratung durchaus auch Männer betreffen kann, sind es doch weit überwiegend Mädchen und Frauen, die darunter zu leiden haben. Denn zwangsverheiratet wird gerade in jenen Ländern, in denenFrauen im Bezug auf Bildung und Durchsetzung ihrer Rechte schwer benachteiligt sind. Wenn Frauen sich weigern, die für sie bestimmte Heirat einzugehen, sind sie Repressionen durch eigene Familienmitglieder ausgesetzt, die von Beschimpfungen und Drohungen über Prügel bis hin zum Ehrenmord reichen. Zudem bringt eine erzwungene Ehe die ständige Furcht vor sexueller Gewalt und ungewollten Schwangerschaften mit sich.[…] Zwangsvereiratet wird in weiten Teilen der Welt praktiziert. Trotz nationaler und internationaler Verbote sind weltweit Millionen von Mädchen betroffen. Die Vereinten Nationen bezeichnen die Zwangsheirat als eine „moderne Form der Sklaverei“. Genaue Statistiken liegen hierzu jedoch nicht vor. […] Nach internationalem Recht sind Zwangsheiraten verboten, die freie Wahl der EhepartnerIn ist ein Menschenrecht. In Artikel 16, Abs. 2 der Allgemeinen Erklärung der Menschenrechte von 1948 heißt es: „Eine Ehe darf nur im freien und vollen Einverständnis der künftigen Ehegatten geschlossen werden.“  (Source: https://amnesty-frauen.de/themen/zwangsheirat/)” Déi wichtegst Konditioun ass deemno fräit Averständnis vu béide Partner. Oft ass et awer sou, dass d’Averständnis net fräi ass, mee d’Affer sech wéinst der Traditioun, der Relioun oder de Finanzen net wiere kann oder wëll: ze grouss ass den Drock vu Familjlememberen, déi d’Affer direkt an indirekt zum Averständnis zwéngen. Et ass wichteg z’ënnersträichen, dass et zu Lëtzebuerg aktuell nach net genuch Méiglechkeete ginn, fir Mënsche virun Zwangs– a Kannerbestietnisser ze schützen. Soubal eng Hochzäit d’Traditiounen, d’Sitten an d’Rechtslag an engem anere Land respektéiert, hënnert duerno näischt d’Koppel, hier d’Bestietnis hei um Etat Civil androen ze loossen.  Wéi mer zougedroe gouf, ass et bei Kannerbestietnisser eng gängeg Praxis, dass Flüchtlingsfamillen hei am Land esou verfueren, dass se soen, si géife mam Mineur am Concubinage liewen a soubal d’Kand erwuesse gëtt, et da bestueden. De Risiko ass also konkret fir Kanner, déi zu Lëtzebuerg opwuessen, an een Zwangsbestietnis verwéckelt ze sinn oder et ze ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et zu Lëtzebuerg iergendee Kontrollmechanismus, fir ze verhënneren, dass Zwangs- oder Kannerbestietnisser hei unerkannt ginn?

  2. Ass et scho virkomm oder ass et theoretesch méiglech, dass eng Koppel, déi sech am Ausland am Joer N bestuet hunn, woubäi eng Persoun mannerjäreg war, am Joer N+X d’Volljäregkeet erreecht, an dës Hochzäit hei zu Lëtzebuerg unerkannt gëtt?

  3. Wéi eng Méiglechkeeten existéiere fir Persounen, déi sech no jorelaangem Waarden entscheeden, hiert Zwangsbestietnis ze denoncéieren? Wéi vill Fäll vun Zwangsbestietnisser goufen an deene leschte Joren denoncéiert? Wéi eng staatlech Ënnerstëtzung kréien d’Affer hei am Land, speziell wat d’Wunnen an d’Schafe vun Zukunftsperspektiven (Bildung an Aarbecht) betrëfft ?

  4. Wéi kläert den Educatiounsministère generell d’Kanner an d’Elteren iwwert d’Risike vun der Zwangsheirat op? Wéi eng Ulafstellen a wéi eng Hëllefen existéieren hei am Land fir d’Leit opzeklären, besonnesch fir Flüchtlingen?

  5. Huet den Educatiounsminister Kenntnis vu Fäll, an deene Meedercher hire Schoulparcours ofgebrach hunn, well si sech entscheet hunn, sech fréizäiteg wëllen ze bestueden a mat hirem Mann zesummen ze liewen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3987

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.