Connect with us

Questions parlementaires

Distributioun vu Kaliumiodidtabletten 2014 – Wéini mussen dës Pëllen ersat ginn?

Am Oktober 2014 gouf eng éischt Distributions-Campagne vu Kaliumiodidtablette gestart. Laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2618 huet de Lëtzebuerger Staat deemools 2,5 Millioune Pëlle kaaft gehat. Ronn 182’000 Leit waren sech deemools Tabletten op hier Gemeng oder an hier Apdikt sichen. Um Site InfoCrise vum Staatsministère kann ee liesen:  ““Die Einnahme von Kaliumiodidtabletten ab 6 Stunden vor dem etwaigen Einatmen von radioaktivem Jod, also 6 Stunden vor dem Vorbeiziehen der radioaktiven Wolke, bietet der Schilddrüse hundertprozentigen Schutz.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat war den Verfallsdatum vun den 2014 verdeelten Kaliumiodidtabletten? Gedenkt d’Regierung déi ofgelafen Tabletten ze ersetzen an, gegebenfalls, eng néi Distributions-Campagne ze starten?

  2.  2014 kruten och 150 Entreprisë Kaliumiodidtablette verdeelt. An der Äntwert op déi deemoleg Fro heescht et: ““La commande de comprimés d’Iode par les entreprises est toujours possible et la Division de la radioprotection du ministère de la Santé continue à recevoir régulièrement de telles demandes par les entreprises.“” Wéi vill Ufroe sinn an deene leschten 2 Joer bei der Division de la radioprotection gemaach ginn?

  3. Och an de Schoulen, Maisons Relaisen a Crèchë goufen deemools Stocke vu Kaliumiodidtabletten opgestallt. Goufen eventuell ofgelafen Tabletten aus dëse Stocke schonn eraus geholl an ersat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4031

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert