Connect with us

Questions parlementaires

Käschte vun de Schnelltester

An engem Artikel op 100komma7.lu gouf an engem Interview vun engem Beamten aus dem Gesondheetsministère erkläert, dass Lëtzebuerg weider 5 Millioune Covid-Schnelltester zum bestoende Stock vun aktuell 2 Millioune bäikafe wäert. Wéi d’Medieplattform schreift, goufen et awer keng Prezisiounen zum Akafspräis. Zitat: ““De Präis vun den Tester géif tëschent 2 an 12 Euro variéieren. Wéi vill Lëtzebuerg fir seng Milliounen Tester bezuelt huet, wollt den Expert net soen. Et hätt ee sech op d’Präisleeschtungsverhältnis an op verschidde Krittäre vun der WHO baséiert, seet den [Beamten].“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill huet de Staat insgesamt fir déi 5 Milliounen Tester ausginn? Wat ass den Duerchschnëttspräis vun engem Test? Wat ass de Median?

  2. Wéi vill huet de Staat fir dee bestoende Stock vun 2 Millioune Schnelltester ausginn? Wat ass hei den Duerchschnëttspräis vun engem Test? Wat ass de Median?

  3. Bei wéi enge Firmen goufen d’Schnelltester bis elo bestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4040

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert