Connect with us

Questions parlementaires

Feelen Medikamenter an den Apdikten?

Zu Lëtzebuerg koum et an der Vergaangenheet schonn zu Enkpäss bei der Liwwerung vu verschiddene Medikamenter. Aktuell soll dëse Problem sech widderhuelen. D’Ruptures de stock kënnen dozou féieren, dass Dokteren hire Patienten Alternative musse verschreiwen. Alternativen, déi se de Patiente jo an enger éischter Phase net wollten als Behandlungsmethod virschloen.  An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1874 vum Februar 2020, déi sech och mat deem Sujet beschäftegt huet, sot d’Ministesch: ““Les titulaires d’autorisations de mise sur le marché et les fabricants sont tenus par la législation de l’UE d’informer les autorités compétentes des Etats membres bien à l’avance en cas de rupture d’approvisionnement entraînant une pénurie ou une cessation du marché. Par ailleurs, une analyse d’impact de l’épidémie de 2019-nCoV sur les chaînes d’approvisionnement pharmaceutique dans l’UE, et notamment sur les médicaments essentiels est actuellement en cours auprès de l’EMA (agence européenne des médicaments) et du réseau des autorités compétentes HMA (Heads of Medicines Agencies) dont le Luxembourg fait partie.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn dem Gesondheetsministère Fäll vu Ruptures de stock an den Apdikte bekannt? Falls jo ëm wéi vill Zorte vu Medikamenter handelt et sech momentan?

  2. Gouf de Ministère iwwert eventuell Liwwerenkpäss vun den Hiersteller informéiert?

  3. Ass déi uewe genannten Etüd vun der EMA schonn ofgeschloss? Falls jo, wat sinn d’Resultater vun dëser Recherche?

  4. Bei wéi ville Medikamenter koum et an deene leschte 6 Méint zu Ruptures de stock?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4045

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert