Connect with us

Questions parlementaires

Reform vum Glécksspillgesetz

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°2927 huet d’Ministesch d’Präsenz vun 2000 illegalen Internetbornen confirméiert. Festzestellen ass, datt et an de leschte 5 Joer awer zu kenger Veruerteelung wéinst Exploitatioun vun illegale Bornen komm ass an et an deene leschte Joren, wéi et schéngt, keng Efforten ënnerholl goufen, fir dës Bornen iergendwéi juristesch aanescht z’encadréieren.

D’Reglementéierung vum Glécksspill zu Lëtzebuerg huet, der Äntwert vun der Ministesch no, als Ziil Mineuren a vulnerabel Persounen ze schützen a géint d’Glécksspillsucht,Bedruch, Geldwäsch a Cyberkriminalitéit virzegoen. Festzestellen ass awer, datt Lëtzebuerg an deem Sënn net dem Schwäizer Modell nogaangen ass, wou d’Exploitatioun vum Glécksspill fir auslännesch Operateuren generell verbueden ass. 

Et stellt sech d’Fro vun der Kohärenz vun der lëtzebuergescher Approche: engersäits argumentéiert ee mam Schutz viru Risiken, anerersäits ass d’Dier an eisem Land awer grouss op fir all Zorte vu Glécksspiller, déi op Serveren am Ausland iwwert den Internet z’erreesche sinn. D’Resultat ass, datt dausende vu vulnerabele Leit an och Mannerjäreger engem dereguléierte Glécksspillmarché hei am Land ausgesat sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Justizministesch dës Froe gestallt:

  1. Wat wäert d’Regierung an dëser Legislatur vis-à-vis vun den 2000 illegale Glécksspillbornen ënnerhuelen?
  2. D’Ministesch schwätzt an der Äntwert op meng Fro n°2927 dovunner, dass analyséiert muss ginn, ob eis Legislatioun zum Glécksspill muss ugepasst ginn. Ugesiichts vun diverse gréissere Lacunen, virun allem am Bezuch mam Glécksspill um Internet, besteet net elo schonns ee konkreten Handlungsbedarf, fir dat ganzt Glécksspillgesetz vun 1977 op de Leescht ze huelen an déi konservativ Doktrinn vun dësem Gesetz der Modernitéit an der Realitéit vun haut unzepassen?
  3. Misst eng Reform vum Glécksspillgesetz net ëmsou méi envisagéiert ginn, wann ee bedenkt, dass eng Heedewull vu Spiller um Internet dem Charakter vu Geschécklechkeetsspiller entspriechen, déi, no der Äntwert vun der Ministesch op meng Fro n°3141,  kengerlee Autorisatiounen (voire Kontrollen) ënnerleien?

Fro Nummer 3317

Verlaf an der Chamber

Wahlprogramm 2018

Neireegelung vum Glécksspill

Online-Glécksspiller a Wette sinn ee legitimen a milliardeschwéiere Maart, vun dem Lëtzebuerg och eppes kéint hunn.

D’Piratepartei fuerdert de Pseudo-Monopol vum Staat un de Glécksspiller ze briechen a Glécksspill-Gesetzer ze schafen, déi un d’21. Joerhonnert ugepasst sinn.

https://piraten.lu/programm/wirtschaft-finanzen/
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert