Connect with us

Questions parlementaires

Journal

Eis Fro gouf an dëser Form leider net ugeholl. Hei fannt dir d’Fro wéi se um Enn huet missten erausgeschéckt ginn.

Lëtzebuerger Journal

Zur Zäit gëtt an der Chamber de Gesetzesprojet 7631 diskutéiert, mat deem een neie gesetzleche Kader fir den Online-Journalismus geschafe soll ginn, wouduerch d’Online-Printmedien an Zukunft gestäerkt ënnerstëtzt a mam Pabeier-Journalismus gläichgesat solle ginn. Wéi et dëst Joer annoncéiert gouf, wäert de Lëtzebuerger Journal vun 2021 un och de Wee vum Online-Journalismus goen, an zwar radikal: d’Printversioun soll nämlech komplett agestallt ginn. Wat d’Beispill vum Journal e bësse speziell mëscht, ass den Ëmstand, datt et sech hei ëm ee klassesche Fall vu Parteipress ze dinn hun. Esou ass gewosst, datt am Verwaltungsrot vun den « Editions Lëtzebuerger Journal » praktesch nëmme Membere vun der DP sëtzen.

Dat selwecht gëllt fir den Haaptaktionär, d’Asbl « Centre d‘Etudes Eugène Schaus », wou quasi sämtlech verantwortlech Positioune mat DP-Membere besat sinn. Wann een d’Statute vun der Asbl liest, fënnt ee Folgendes : « L’association a pour objet la propagation des idées défendues par le Parti Démocratique, le tout tant isolément que dans le cadre de la ou des associations et sociétés commerciales dont elle est ou pourra devenir membre ou associé. »

An de Parteistatute vun der DP steet schliesslech, wou d’Memberen sech informéiere sollen : « Les membres sont invités à s’informer au Lëtzebuerger Journal, organe officiel du parti, et à souscrire un abonnement ; l’accès à l’information leur sera également facilité par les médias électroniques. ».Esouguer an der Schoul gëtt geléiert, datt de Lëtzebuerger Journal een «organe de presse partisane» ass.

Esou steet et am Manuel scolaire «Instruction civique» vun der 2e geschriwwen: « Le Journal est l’organe de presse officiel du parti démocratique ». De Risiko vu politeschem Afloss beim Journal ass also zweifellos ginn.

Opgrond vun dësen Elementer kann een dovunner ausgoen, datt de Journal éischter eng Parteizeitung an eng Composante vun der DP ass ewéi eng Zeitung, déi onofhängege Journalismus bedreift.Wann een d’Montante vun der Pressehëllef kuckt, gesäit een, datt de Lëtzebuerger Journal 2019 974.448,74 Euro ausbezuelt kritt huet. Déi fënnef Joer virdrun huet déi liberal Zeitung all Joer an der Moyenne bal 950.000 Euro krut. Interessant ass och dee gewaltege Sprong tëschent 2012 an 2013, deen iwwregens soss keng Zeitung gemaach huet: vun 606.426 Euro op 893.603 Euro. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. De Medieminister hat an der Äntwert op d’Question parlementaire 1531 vum honorabele Kolleg an Députéierten Sven Clement geäntwert : “« Déi Prinzipien vun der Indépendance a Pluralismus sinn zu Lëtzebuerg net a Gefor an d‘Regierung ass décidéiert, déi Prinzipien och weider ze stäerken ». ”Här Minister, wéi ass de Prinzip vun der Indépendance mam konkrete Fall vum Lëtzebuerger Journal ënnert een Hut ze kréien ?  
  2. Ass d’Konzept vun esou enger « Parteipress » nach zäitgemäss, a wéi steet d’Regierung dozou ?  
  3. Ass der Regierung bekannt, ob et weider esou Parteizeitungen hei am Land ginn?
  4. Misst de Lëtzeburger Journal net vill méi kloer affichéieren, datt et sech bei der Zeitung ëm ee Presseorgan handelt, dat an direkter Linn vun der Demokratescher Partei ofhänkt ?  
  5. Kann ausgeschloss ginn, dass am Regierungsrot eng op de Journal optimiséiert Pressehëllef ausgeschafft ginn ass?
  6. Hunn DP-Memberen an der Regierung sech bei den Diskussioune ronderëm den Avant-Projet de Loi am Regierungsrot enthalen, wëssend, dass hier Partei esou eng Parteizeitung huet?
  7. Här Bildungsminister, wëssend, datt am Cours « Instruction civique » de Schülerinnen a Schüler bäibruecht gëtt, datt de Lëtzebuerger Journal dat « offiziellt Presseorgan vun der demokratescher Partei » ass an den Här Minister Meisch net midd gëtt ze betounen, datt d‘Zeitung sech méi breet opstellt an onofhängeg ass, wäert dëse Passus an der nächster Editioun vum Schoulbuch gestrach ginn? Falls jo, wéini kënnen d’Schüler op der 2e vun engem neien, aktualiséierten Civiquesbuch profitéieren?
  8. Här Bildungsminister, wëssend, datt am Cours « Instruction civique » de Schülerinnen a Schüler bäibruecht gëtt, datt de Lëtzebuerger Journal dat «offiziellt Presseorgan vun der demokratescher Partei» ass an den Här Minister Meisch net midd gëtt ze betounen, datt d‘Zeitung sech méi breet opstellt an onofhängeg ass, wäert dëse Passus an der nächster Editioun vum Schoulbuch gestrach ginn? Falls jo, wéini kënnen d’Schüler op der 2e vun engem neien, aktualiséierte Civiquesbuch profitéieren?

Fro n°3316

Verlaaf an der Chamber

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert