Aussepolitik
Ufeindungen géint Israel a dé jiddesch Gesellschaft

De Konflikt tëschent Israel an Gaza huet vill Leed fir déi zivil Bevëlkerung mat sech bruecht an dëst souwuel op israeelescher Säitesou wéi op der Säit vun de Palästinenser. Vill Mënsche sinn aus der Regioun geflücht: Palästinenser an och Israeeli. Israeler:innen oder Mënsche mat jiddeschem Glawen, déi an europäesch Stied ausgewandert sinn, beriichten awer, dass si sech hei net sécher spieren. De Konflikt a Gaza ass nämlech och hei héich politiséiert a polariséiert d’Gesellschaft. Op rezente Manifestatioune ware Leit mat Plakater ënnerwee, op deene Messagen ze liese waren, déi dem israeelesche Staat säin Existenzrecht oferkennen. Och an de soziale Medie maache verschidde Leit Kommentarer, déi a Richtung Antisemitismus ginn. A menger Fro n°2571 sinn ech op d’Sécherheet vun der jiddescher Communautéit souwéi den israeelesche Staatsbierger zu Lëtzebuerg agaangen. Den Nationalen Aktiounsplang géint den Antisemitismus (PANAS) soll dofir suergen, dass den Haass géint d’jiddesch Communautéit an Israel gestoppt gëtt. Et dierf net sinn, dass Mënschen opgrond vun hirer Hierkonft oder Glawen diskriminéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi bewäert d’Regierung Plakater op Manifestatiounen, op deene Protestanten dem israeelesche Staat säin Existenzrecht ofstreiden?
Wéi bewäert de Comité interministériel pour le suivi du plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme (PANAS) déi aktuell Situatioun ëm den Antisemitismus?
QP Nummer 2963