Dateschutz
Zougrëff op perséinlech Donnéeën duerch Verwaltungen
 
																								
												
												
											De Bierger kann op myguichet.lu noverfollegen, wéi eng Verwaltungen an deene leschte 6 Méint op seng perséinlech Donnéeën zeréckgegraff hunn (festgehalen am ofgeännerte Gesetz vum 19te Juni 2013). Duerch d’Logfilen ass och gewosst, wie beim Staat zu wéi engem Zäitpunkt op d’Donnéeën zeréckgräift, allerdéngs ass dës Informatioun net fir d’Bierger:innen visibel an et weess een och net, wéi oft eng Verwaltung op dës Donnéeën zeréckgegraff huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Existéieren intern Kontrollinstrumenter oder Warnungen, déi op abusiivt oder anormaalt Verhalen an de Verwaltungen opmierksam maachen, wann ee Beamten iwwerduerchschnëttlech vill op Donnéeën zeréckgräift? 
- Firwat kréien d’Bierger net proaktiv automatesch eng Pushnoochricht iwwert myguichet, wa Verwaltunge perséinlech Informatiounen iwwert si nosichen? 
- Wäert d’Regierung den Delai vu 6 Méint eropsetzen? Falls nee, wat schwätzt dogéint? 
QP Nummer 3030

