Questions parlementaires
Roll vum Rapport Deischter am Geriichtsuerteel Lunghi
Een Artikel op der Plattform GKonline. kommentéiert d’Uerteel vun der Cour d’Appel vum 3te Juni 2026 an der Affär RTL-Lunghi. An dësem Geriichtsprozess, dee bal 10 Joer gedauert huet (!) sinn déi fréier RTL-Journalisten souwéi den deemolegen RTL-Direkter komplett fräigesprach ginn. Am Artikel ginn des Weideren d’Feststellunge vun der Cour d’Appel an dësem Uerteel thematiséiert. D’Cour d’Appel huet explizit zeréckbehalen, dass duerch dem Regierungskommissär säin Drock an Handelen d’Recht op eng adequat Verdeedegung, nom Artikel 6 vun der Mënscherechtskonventioun, net respektéiert gouf.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wäerten d’Regierung oder d’Justizautoritéiten eng Disziplinarenquête géint de fréiere Regierungskommissär an d’Weeër leeden, fir ze klären, ob et zu Verstéiss géint seng berufflech Flichte oder géint de Prinzip vun der Neutralitéit an Onparteilechkeet komm ass?
Sinn d’Regierung oder d’Justizautoritéiten bereet, fir eng onofhängeg administrativ Enquête anzeleeden, fir d’Roll vum Rapport Deischter an dëser Affär genee ze analyséieren?
Ass d’Regierung der Meenung, datt an esou engem Fall och d’institutionell Responsabilitéiten analyséiert solle ginn, wann eng Prozedur iwwer bal zéng Joer op engem Rapport opgebaut war, deen herno vum Geriicht net méi als valabel Grondlag ugesi gouf?
Goufen et an der Vergangenheet ähnlech Fäll, an deem den Artikel 6 vun der Mënschderechtskonventioun net respektéiert gouf? Falls jo, wéi vill an deene leschten 10 Joer?
QP Nummer 4534
