Connect with us

Questions parlementaires

Ethesch Notzung vum Weltraumtechnologien

D’Regierung investéiert massiv am Beräich vun der Satellittekommunikatioun an der Weltraumwirtschaft, ënnert Anerem iwwert de GovSat-Programm. Dës Investitioune sollen der europäescher Verdeedegung a gläichzäiteg och  de lëtzebuergescher Wirtschaft zegutt kommen.  An der Lëtzebuerger Verdeedegungsstrategie fir d’Weltall (Stratégie spatiale de défense) gouf festgehalen, datt den Zougang zu sensibele lëtzebuergesche Weltraumtechnologië fir Partner limitéiert bleift, déi dat internationaalt Recht respektéieren. Am Kontext vun den aktuelle militäreschen Eskalatiounen am Mëttleren Osten huet d’Lëtzebuerger Regierung sech rezent fir de Respekt vum internationale Recht an de Schutz vun der Zivilbevëlkerung ausgeschwat.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi verhënnert d’Regierung konkret, datt d’Kapassitéite vu GovSat vun Drëttpartner fir Operatioune benotzt ginn, déi géint d’internationaalt Recht verstoussen?

  2. Ass et an der Vergaangenheet virkomm, datt d’Kapassitéite vu GovSat vun Drëttpartner fir Operatioune benotzt goufen, déi géint d’internationaalt Recht verstoussen?

  3. Gëllt déi rout Linn vum Respekt vum -internationale Recht och fir aner Aktivitéiten am Beräich vum Weltraumsecteur? 

  4. Ginn et spezifesch Klauselen zum Respekt vum internationale Recht an de bilaterale oder multilaterale Kontrakter a falls jo, wéi eng Kontrakter sinn hei betraff?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4535

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert