Questions parlementaires
Fënsterbroch bei der Boeing 737-800
Virun e puer Deeg koum et bei Malta Air op engem Fluch mat enger Boeing 737-800 zu enge dramateschen Accident, bei deem ee Mann bal aus dem Fliger erausgefall ass. Een Triebwierksproblem huet zu engem Kabinnendrockverloscht gefouert, wouduerch eng Fënster lassgaangen ass. Luxair an och aner Airlines um Findel setzen Fligere vun der Boeing-737-Famill an.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass d’Direction de l’aviation civile iwwert dëse Virfall informéiert ginn, a falls jo, wéi eng zousätzlech Kontroll-, Maintenance- oder Informatiounsmoossname fir Boeing-737-800-Fligere recommandéiert si?
Wéi eng Sécherheetsmoossnahmen goufen am Zesummenhang mat dësem Accident fir d’Luxair-Flott getraff?
QP Nummer 4536
