Questions parlementaires
Parking fir de Wellnesshotel Dhoil zu Rodange – Nofro
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4258 iwwert de Projet huet den Inneminister confirméiert, datt d’Gemeng Péiteng bei der Vergab vum Marché fir ee Parking beim Wellnesshotel zu Rodange am Dhoil d’Reegele vum Gesetz iwwert d’Marchés publics net agehalen huet. Aus der Äntwert geet ervir, datt den Inneministère d’Gemeng mat engem Courrier vum 12te September 2025 drop higewisen huet, d’Reegele vum Marchésgesetz an Zukunft strikt ze respektéieren. Den Artikel 50 vum Marchés publics Gesetz gëtt dem Inneminister d’Kompetenz, fir ee Marché an esou engem Fall kënnen z’annuléieren. Dëst Instrument gouf hei net genotzt – obwuel de Verstouss vum Minister selwer schwaarz op wäiss bestätegt gëtt. Ausserdeem ass opfälleg, dass d’Chamber an d’Ëffentlechkeet iwwert dëse Verstouss näischt gewosst hunn, bis ech duerch meng Fro n°4258 dorobber gestouss sinn – obwuel den Inneministère de Verstouss scho säit September 2025 kannt huet. Ee Joer laang gouf also näischt ëffentlecht ënnerholl.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat huet den Inneministère an dësem Fall net vun de Méiglechkeete Gebrauch gemaach, déi den Artikel 50 vum ofgeännerte Gesetz vum 8te Abrëll 2018 iwwert d’Marchés publics virgesäit, fir e Marché ze suspendéieren oder ze annuléieren?
Ass et normal Praxis vum Inneministère, bei enger festgestallter Verletzung vum Marchésgesetz just eng schrëftlech Ermahnung ze verschécken, ouni weider Sanktioun oder Kontroll vum Ausgang?
Ass de Marché zu Péiteng, deen ouni déi virgeschriwwen Ausschreiwung vergi ginn ass, haut nach juristesch valabel? Wa jo, op wéi enger Basis gëtt e Verstouss géint e verbindlecht Gesetz ouni weider Konsequenz bestoe gelooss?
Wéi eng aner Fäll vu Verstéiss géint d’Marchésgesetz sinn dem Inneministère an de leschte Joeren bei Gemengen opgefall, a wéi eng dovunner goufen effektiv suspendéiert oder annuléiert no Artikel 50?
Firwat gouf d’Chamber oder de betraffene Gemengerot net proaktiv iwwert dëse Verstouss informéiert, obwuel de Courrier scho säit iwwer engem Joer virläit? Ass et Politik vum Ministère, esou Verstéiss just op explizit Nofro vun Deputéierten ze verëffentlechen?
QP Nummer 4500
