Connect with us

Questions parlementaires

Zweeten Intervenant am Cycle 1

An senger rezenter Pressekonferenz huet den Educatiounsminister ugekënnegt, datt ab der Rentrée 2027 all Klass am Cycle 1 vun enger zweeter Persoun soll encadréiert ginn. Hien huet awer net preziséiert, wéi eng Persounen a wéi enge Karriären dës Aufgab iwwerhuele sollen an no wéi enge Krittären dës Persoune rekrutéiert a qualifizéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Karriäre wäerte berécksiichtegt ginn, fir d’Funktioun vum zweeten Intervenant am Cycle 1 ab der Rentrée 2027 ze iwwerhuelen (Educateuren, AEBS, Chargé(e)ën, …)?

  2. Ass virgesinn, fir d’Aufgab vum zweeten Intervenant eng nei Karriär ze schafen?  • Falls jo, wéi eng Qualifikatiounen an Diplomer wäerte fir dës Karriär erfuerdert ginn? • Falls nee, no wéi enge Krittäre wäert decidéiert ginn, wéi eng bestoend Beruffsgruppen dës Aufgab iwwerhuelen däerfen a sinn dofir zousätzlech Formatiounen oder Zertifizéierunge virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4752

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert