Questions parlementaires
Brand bei Kronospan an der Industriezon Gadderscheier
An der Nuecht vum 19tenop den 20te September ass et um Site vu Kronospan an der Industriezon Gadderscheier zu engem Brand un engem Fléissband komm, wéi RTL.LU beriicht. Wéinst dem Brand war e groussen Dispositif vum CGDIS am Asaz. Nieft verschiddenen Asazzentere waren och spezialiséiert Eenheeten, dorënner de Groupe d’intervention spécialisé fir nuklear, radiologesch, biologesch a cheemesch Risiken (GCBRN), op der Plaz.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat gouf d’Bevëlkerung an der Ëmgéigend iwwer LU-Alert iwwer de Brand an eng eventuell Loftverschmotzung duerch chemesch Gëftstoffer informéiert oder gewarnt? Falls nee, firwat net?
Wéi eng Substanzen a Materialie waren direkt oder indirekt vum Brand betraff? Goufen am Laf vum Asaz Miessunge vun der Loft duerchgefouert? Falls jo, wéi eng Substanze goufe gemooss a wat waren d’Resultater?
QP Nummer 4784
