Connect with us

Questions parlementaires

Wat maachen am Fall vu Vergëftungen

Wann eng Persoun sech vergëft, kann si entweder direkt den 112 uruffen oder iwwert déi gratis Nummer 8002-5500 de Centre antipoisons zu Bréissel kontaktéieren, dee fir Lëtzebuerg zoustänneg ass. Zu Lëtzebuerg selwer gëtt et kee nationale Centre antipoisons.  An engem Artikel vum Luxemburger Wort vum 29ten August 2026 gouf bericht, datt de Centre antipoisons zu Bréissel am Joer 2025 insgesamt 1.153 Uriff aus Lëtzebuerg krut. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Uriff aus Lëtzebuerg huet de Centre Antipoisons vun 2019 bis 2026 pro Joer kritt?  1. Kann d’Regierung dës Uriff no Alter vun de betraffene Persounen, Kategorie vum Produit – notamment Medikamenter, Haushaltschemikalien, Bioziden oder Planzen – an, falls disponibel, Schwéiergrad vum Virfall opschlësselen? 2. Wéi vill vun dësen Uriff koume vu Privatpersounen a wéi vill vu Gesondheetsprofessionellen, Spideeler, dem CGDIS oder aneren ëffentlechen Déngschter?

  2. Wéi schaffen de Centre Antipoisons zu Bréissel mam Noutfalldéngscht vum CGDIS (112) zesummen a wéi gëtt hei virgaangen, wann eng Persoun bei enger méiglecher Vergëftung den Centre Antipoisons zu Bréissel urifft? 

  3. A wéi enge Fäll sollen d’Leit bei enger Vergëftung éischter den 112 oder de Centre Antipoisons uruffen?

  4. Schwätzen d’Leit beim Centre Antipoisons zu Bréissel och Lëtzebuergesch?

  5. Wäert Lëtzebuerg weiderhinn mam Centre Antipoisons zesummeschaffen oder wäert Lëtzebuerg eng eegen toxikologesch Kompetenz- oder Informatiounsstruktur opbauen, respektiv eng national Schnëttstell tëschent 112, CGDIS, Spideeler an dem Centre Antipoisons schafen?

  6. Fir geféierlech chemesch Mëschunge spillt den Unique Formula Identifier (UFI) eng wichteg Roll. Iwwer dëse Code kann de Centre Antipoisons de betraffene Produit identifizéieren an op déi gemellten Informatiounen iwwer seng Zesummesetzung zeréckgräifen. Kontrollen vun der Ëmweltverwaltung an de Joren 2025-2026 hunn allerdéngs gewisen, datt en Deel vun de kontrolléierte Produiten net oder net korrekt beim Centre Antipoisons gemellt war. Wéi gëtt an engem Vergëftungsfall virgaangen, wann een UFI um Produit steet, déi dozou gehéierend Meldung awer feelt, onvollstänneg oder fehlerhaft ass?  Goufen et esou Fäll an der Vergangenheet an haten dës een Impakt der toxikologescher Bewäertung duerch den 112 oder de Centre Antipoisons?  Falls jo, wat gouf gemaach, fir dat ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4911

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert