Questions parlementaires
Keng Äntwerten op Froen bei der Loyerssubventioun
A menger parlamentarescher Fro n°4275 wollt ech vum Wunnengsbauminister Informatiounen dozou kréien, firwat et esou laang dauert, bis d’Leit eng Äntwert kréie fir d’Loyerssubventioun beim Logementsministère. Verschidde Bierger kontaktéieen mech, well se nach ëmmer op Äntwerten vum Ministère waarden. Rezent krut ech vun engem Fall mat, bei deem eng Persoun elo erréicht hir Suen aus enger Demande vun 2024 iwwerwise krut. Eng aner Persoun informéiert, dass si zënter bal engem Joer op eng schrëftlech Bestätegung waart, well hir Loyerssubventioun gekierzt gëtt. Ouni schrëftlech Bestätegung kann d’Persoun näischt maachen a kee Recours géint dës Entscheedung aleeën. A senger Äntwert huet de Minister erkläert, dass d’Verwaltung mat der Gesetzesännerung am Joer 2025 de Bestand vun de verschaffenden Dossieren ëm ronn 63% reduzéiert hätt a mëttlerweil géifen déi meescht Dossiere bannent 2 bis 3 Méint ofgeschloss ginn. De Minister informéiert och, dass d’Zuel vum Personal an der Ekipp vun der Loyerssubventioun iwwert déi lescht Joren däitlech geklommen ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Bréiwer a Mailen huet de Logementsministère am Beräich vun der Loyerssubventioun Stand haut nach net beäntwert?
Wéi vill vun dëse Bréiwer a Maile betreffen nach net ofgeschlossen Demandë fir d’Loyerssubventioun a wéi vill aner administrativ Entscheedungen (z.B. d’Kierzung vun der Loyerssubventioun, Stellungname vum Ministère betreffend enger Entscheedung, etc.)?
Wéi vill Bréiwer a Mailen datéiere virun 2026 a wat sinn d’Grënn dofir, dass et esou laang brauch, fir op dës Bréiwer z’äntweren?
Wéi erkläert de Minister, dass trotz méi Personal an enger däitlecher Reduktioun vum Réckstand bei den Dossieren d’Kommunikatioun mat de Leit net an engem entspriechend kuerzen Delai assuréiert schéngt ze sinn?
QP Nummer 4916
