Connect with us

Questions parlementaires

Schnell Hëllef duerch déi lëtzebuergesch Militärsatellitte fir d’Ukrain

Der internationaler Press no (sou op BBC) hätt Starlink der Ukraine d’Kapassitéiten erofgesat an domadder ukrainesch Drone- a Kommunikatiounsmissioune gestéiert. Ob wëllentlech oder onwëllentlech, ass aktuell net gewosst, mee dës Aktioun kënnt kuerz nodeems sech den US-President Trump ëffentlech iwwert den ukraineschen President Zelensky opgereegt hat, well d’Ukrain Energieinfrastrukturen a Russland attackéiert huet. Lëtzebuerg huet mat GovSat, GovSat-2, MGS/O3b mPOWER a LUXEOSys eege Kapassitéiten am Beräich vu séchere Satellittekommunikatiounen an Äerdobservatioun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kéint Lëtzebuerg mat sengen militäresche Ressourcen spontan asprangen, falls d’Starlink-Kapassitéiten an der Ukrain versoen?

  2. A wéi enge konkrete Beräicher kéint de lëtzebuergesche Militärsatellitteprogramm kuerzfristeg oder mëttelfristeg asprangen?

  3. Wäert d’Regierung d’Ukrain kuerzfristëg mat eise Satelliten aushëllefen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4926

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert