Connect with us

Questions parlementaires

Zeréckbezuele vum REVIS

De REVIS soll Persounen a prekäre finanzielle Situatiounen ënnerstëtzen. Gläichzäiteg gesäit d’Gesetz vum 28te Juli 2018 iwwert de REVIS vir, datt ënnert bestëmmte Konditiounen déi ausbezuelte Gelder vum Fonds national de solidarité zeréckgefuerdert kënne ginn. Déi verschidde Fäll, wou d’Leit de REVIS mussen zeréckbezuele sinn am Gesetz festgeluecht.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Dossiere vu REVIS-Restitutioune goufen zanter dem Akraafttriede vum Gesetz opgemaach, opgelëscht no Joer an no de Fäll, déi a follgenden Artikele vum Gesetz festgehale goufen: 1. Artikel 29(2); 2. Artikel 29(3); 3. Artikel 30(1); 4. Artikel 30(2); 5. Artikel 30(3) a); 6. Artikel 30(3) b); 7. Artikel 30(3) c)? 8. Artikel 31?

  2. A wéi villen Dossieren goufen déi zeréckgefuerdert Montanten 1. komplett zeréckbezuelt; 2. nëmmen deelweis zeréckbezuelt; 3. guer net zeréckbezuelt?

  3. Wéi vill Hypothéiken am Sënn vum Artikel 32 goufen zanter dem Akraafttriede vum Gesetz am Kader vun REVIS-Restitutiounsfuerderungen ageschriwwen, a wéi vill dovunner goufen tëschent dem Fonds national de solidarité an de betraffene Persounen oder Ierwe geläscht oder vollstreckt?

  4. Wéi vill Gelder goufen zënter dem Akraafttriede vum REVIS-Gesetz un de Staat zeréckbezuelt a wat ass aktuell de Gesamtmontant u REVIS-Gelder, déi nach un de Staat mussen zeréckbezuelt ginn? 

  5. Wéi huet sech d’Zuel u REVIS-Empfänger zënter dem Akraafttriede vum Gesetz entwéckelt a wéi vill REVIS-Gelder goufen ausbezuelt, opgeschlësselt no Joer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4895

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert