Questions parlementaires
Besteierung vun CFD-Finanzproduiten
CFDen (Contracts for Difference) sinn aktuell immens an der Moud, well se, wéi aner Derivater, héich Renditen kënnen erzilen. Op neien Trading-Plattforme kann hautzedaags all Mënsch heiranner investéieren. Zu Lëtzebuerg sinn Investitiounen a Finanzproduiten, wéi Aktien, duerch d’Akommesbesteierungsgesetz (Loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu) a verschiddene Fäll steierfräi, wann een se méi wéi 6 Méint hält an erréicht duerno verkeeft. Dës Steierbefreiung ass sënnvoll fir Klengspuerer a Leit, déi hier hiert Erspuertes net op engem Spuerkont wëlle leien loossen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ënnert wéi eng legal Basis fält d’Behandlung vu CFDen a wéi eng Circulairë behandelen dës?
Kann de Minister klären, ob d’Gewënner aus dem Verkaf vun CFD, déi vun enger Privatpersoun ausserhalb vun enger professioneller oder kommerzieller Aktivitéit gehale ginn, no enger Behaldauer vu méi wéi 6 Méint steierfräi sinn, esou wéi et och bei Aktien de Fall ass? • Falls jo, gouf dës Reegel an de leschte Jore vun alle Steierbüroe vun der ACD eenheetlech ugewannt? • Falls nee, wéi eng steierlech Ënnerscheeder gëlle beim Verkaf vun CFDen (an änlechen Derivater) am Verglach mat de klassesche Produiten, wéi Aktien? • Fale CFDen an d’Kategorie „autres biens“ vum Artikel 99bis vum Akommesbesteierungsgesetz?
QP Nummer 4865
