Connect with us

Questions parlementaires

Pädiatrie am Norden vum Land

Zënter Joren fuerderen vill Familljen am Norden vum Land eng Pediatrie d’urgence, fir dass d’Leit net ëmmer bis an d’Kannerklinik an den CHL op Stroossen musse fuehren. D’politesch Fuerderung gouf souguer virun e puer Joer an der Chamber an enger ëffentlecher Petitioun debatéiert, déi iwwer 4500 Ënnerschrëften krut hat. Am Oktober 2024 gouf eng Motioun iwwer d’Schafe vun enger zweeter vollwäerteger Kannerklinik um CHdN an der Chamber ofgeleehnt. D’Ministesch huet sech dogéint entscheet an op d’Pédiatrie de proximité setzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch fir d’Joren 2024, 2025 an 2026 ee Bilan vun der Pédiatrie de proximité um CHdN zanter hirer Ouverture maachen:  • mat der Zuel vun de behandelte Kanner pro Mount? • der Aart vun de Fäll, déi hei behandelt goufen? Wéi vill vun dëse Fäll si manner schwéier, erfuerdere keng Spezialisten a kéinten um Site vum CHdN behandelt ginn? • den Dages- an Auerzäite vun der Notzung vum Service? • an der Zuel vun de Fäll, déi duerno un d’Kannerklinik vum CHL transferéiert goufen?

  2. Wéi vill Kanner aus de Kantoner Réiden, Miersch, Iechternach, Dikrech, Vianen, Woltz a Clierf goufen 2024, 2025 an 2026 am CHdN behandelt a wéi vill an der Kannerklinik vum CHL?

  3. Wéi laang waren d’Waardezäite um CHdN a bei der Kannerklinik am Duerschnëtt an am Median fir d’Joren 2024, 2025 an 2026?

  4. Plangt d’Ministesch, fir d’Pediatrie d’urgencedéi weider personell, medezinesch, finanziell a gesetzlech ze stäerken? Falls jo, wéi vill personell, medezinesch a finanziell Ressourcen wäerten dëst, nächst an d’iwwernächst Joer hei investéiert ginn?

  5. Ass d’Ministesch nach ëmmer der Meenung, dass ee keng zweet Kannerklinik am Norden vum and bréicht, déi 24/7 fir de public op ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4861

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert