Connect with us

Questions parlementaires

Irregulär Ausbezuelung vum Zäitspuerkonto beim TICE

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3791 huet den Inneminister bestätegt, datt beim TICE Stonne vum Zäitspuerkont ausbezuelt goufen, obwuel dës Ausbezuelunge net konform mam Artikel 9 vum groussherzogleche Reglement vum 31ten August 2018 iwwert de Compte épargne-temps am kommunalen ëffentlechen Déngscht waren.  Et ass an éischter Linn an der Verantwortung vum Comité vum TICE, fir déi Steiergelder zeréckzefroen.  Mee wann de Gemengesyndikat dat net mécht, dann huet de Inneminister d’Méiglechkeet fir selwer eppes an d’Weeër ze leeden duerch d’Artikelen 137 an 163 vum Gemengegesetz. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung matdeelen, ob den TICE mëttlerweil déi gefuerdert Regularisatiounen duerchgefouert huet oder Wëlles huet, fir et ze maachen?

  2. Wäert de Inneminister, falls de Gemengesyndikat an de Mobilitéitsministère net selwer aktiv ginn, vun de Méiglechkeeten aus dem Gemengegesetz Gebrauch maachen?  • Falls jo, wat ass den Délai?  • Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4860

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert