Questions parlementaires
Lëtzebuergeschkenntnisser vun de Formateuren am Cours Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg
De Service de la formation des adultes sicht nei Formateure fir d’Coursen „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“. Dës Coursë si wichteg, well se de Leit, déi bei eis op Lëtzebuerg kommen a sech wëllen an eis Gesellschaft abréngen an och Deel vn eiser Gesellschaft ginn (Ufroen vun der lëtzebuergescher Nationalitéit) eise Gesellschaftsmodell, eis Gesetzer, Grondrechter, d’Institutiounen, d’Kultur an d’Geschicht vu Lëtzebuerg méi no bréngen. Dëse Programm deckt domat eng ganz Rei vun Themeberäicher of. D’Formateure mussen deemno iwwer e breet Wëssen iwwer eist Land, seng Geschicht, seng Institutiounen an eis Kultur verfügen. Zu dëser Kultur gehéiert och déi Lëtzebuerger Sprooch, déi e wichtege Bestanddeel vun eiser nationaler Identitéit ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Firwat mussen d’Formateuren, déi an dëse Coursen eist Land an d’Kultur vun eiser Gesellschaft vermëttelen, net och iwwer Mindestkenntnisser vun der Lëtzebuerger Sprooch verfügen? Aanechters gefrot: aus wéi enge Grënn gëtt Lëtzebuergesch net als Qualifikatiounskrittär fir d’Formateure verlaangt?
QP Nummer 4955
