Connect with us

Questions parlementaires

Solaranlagen fir Resilienz a Krisesituatiounen

Den 9ten Oktober 2026 huet d’Regierung „Mon Guide – 72H d’autonomie“ presentéiert. Dëse Guide soll d’Stéit besser op Krisesituatioune virbereeden, dorënner och op länger Stroumausfäll. An esou Krisesituatioune wier et vu grousser Wichtegkeet, dass Leit, déi eng Photovoltaikanlag doheem hunn, bei Stroumausfäll kéinten hir privat Produktiounsanlag am Haus op de Noutstroumbetrib ëmstelle kéinten. Déi technesch Uschlossbedéngunge gesi scho Méiglechkeete vir, fir dëst z’erméiglechen, allerdéngs sinn entspriechend technesch Equipementer néideg, fir den Noutstroumbetrib an eng sécher Trennung vum ëffentlechen Netz erméiglechen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat mussen d’Leit maachen, fir eng bestoend privat Photovoltaikanlag esou ëmzerëschten, datt si bei engem Stroumausfall eng Wunneng oder eenzel Stroumkreesser versuerge kann? 

  2. Wäert d’Regierung eng Reegel aféieren, dass bei neie Photovoltaikanlage systematesch eng Noutstroumfunktioun mat agebaut gëtt? 

  3. Wéi eng technesch Viraussetzungen a Méikäschte wiere fir d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag verbonnen , wann ee systematesch Noutstroumfunktiounen géif abauen?

  4. Wéi eng bestoend staatlech finanziell Hëllefe kënnen aktuell genotzt ginn, wann d’Leit eng Noutstroumversuergung installéieren wëllen? Falls et keng vun den aktuellen Hëllefen dofir genotzt ka ginn, wäert d’Regierung heizou ee Subsid op d’Been ze stellen?  Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4951

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert