Connect with us

Questions parlementaires

Zousätzlech Betankung vu Lufthansa-Fligeren um Findel

Laut engem Artikel vum Tageblatt vum 15ten Oktober 2026 huet d’Lufthansa hir Piloten opgefuerdert, op anere Fluchhäfen zousätzleche Kerosin ze tanken, fir d’Reserven um Frankfurter Flughafen ze schounen. Als Ursaach fir d’Versuergungsproblemer gëtt den niddrege Waasserstand op de Schëfffaartsweeër genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis dovun, ob Lufthansa op hire Flich vu Lëtzebuerg op Frankfurt méi Kerosin um Findel tanke wëll oder dat scho mécht?  Wa jo, ëm wéi eng zousätzlech Quantitéite geet et?

  2. Wéi héich sinn déi aktuell Kerosinreserven um Findel an ausserhalb vum Findel a fir wéi vill Deeg géife si beim normale Verbrauch ouni nei Liwwerungen duergoen?

  3. Wéi géif sech eng zousätzlech Betankung vu Lufthansa-Fligeren op d’Reserven beim Kerosinn auswierken?

  4. Ass d’Kerosinversuergung vum Findel vun de selwechte logistesche Problemer betraff wéi déi zu Frankfurt? 

  5. Wéi eng Moossname si virgesinn, fir ze verhënneren, datt eng zousätzlech Nofro vu Fluchgesellschaften d’Versuergungssécherheet um Findel beanträchtegt? 

  6. Wéi eng alternativ Liwwerméiglechkeete fir Kerosin stinn zur Verfügung?

  7. Si Mindestbestänn oder Limitte fir zousätzlech Betankungen virgesinn, falls d’Versuergungssécherheet a Gefor geréit?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4954

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert