Questions parlementaires
Notzung vun Traktoren duerch Baufirmen – Nofro
Verschidde Baufirmen benotzen Traktoren fir hire Materialtransport. Fir Traktoren gëllen aner Reegelen am Stroosseverkéier, wat d’Rouhzäiten an d’Fahreschreiwerflicht betrëfft. Aus der Äntwert op meng virëg parlamentaresch Fro n°4687 iwwert den Asaz vun Trakteren am gewerblechen Transport geet ervir, datt tëscht Januar 2024 an August 2026 insgesamt 287 Verwarnungen am Zesummenhang mat esou Gefierer ausgeschwat goufen. Beim Asaz vun Traktere fir Baufirmen stellt sech zousätzlech d’Fro, wéi d’Reegele fir steierlech begënschtegten Diesel ugewannt a kontrolléiert ginn, besonnesch beim Wiessel tëscht landwirtschaftlechen Aktivitéiten, Chantiersaarbechten an Transporter op ëffentleche Stroossen. Grad elo am Kontext vu méi héijen Spritpräisser ass et fir deen een oder anere Betrieb sécherlech lukrativ, fir hei de méi bëllegen Agrardiesel ze notzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi verdeele sech déi 287 Avertissements taxés no Aart vum Verstouss?
Wéi vill Kontrollen op Traktere goufen tëscht Januar 2024 an August 2026 duerchgefouert?
Wéi gëtt an der Praxis kontrolléiert, ob d’Aarbechts- a Rouzäite vun de Chauffere respektéiert ginn, wann kee Fahrtenschreiwer virgeschriwwen ass?
Wéi reegelméisseg ginn d’technesch Sécherheet, d’Belaaschtung vun den Unhänger an d’Sécherung vum transportéierte Material bei gewerblech agesaten Traktere kontrolléiert?
Wéi gëtt de Verbrauch vu steierlech begënschtegtem Diesel deklaréiert, wann een Trakter souwuel fir landwirtschaftlech Aarbechte wéi och fir gewerblech Aktivitéiten op Chantieren agesat gëtt?
Wéi kontrolléiert d’Douane, datt steierlech Vergënschtegunge beim Diesel just fir déi Aktivitéite genotzt ginn, fir déi se virgesi sinn?
Wéi vill Strofen wéinst falscher Notzung vun Agrardiesel goufen an de leschte 5 Joer festgestallt a wéi vill Steieren sinn domadder an d’Staatskeess gefloss?
QP Nummer 4953
