Connect with us

Questions parlementaires

Impakt vun der Sperrung vun der Rue de la Jonction zu Athus

Wéi déi belsch Zeitung L’Avenir an engem Artikel vum 16ten Oktober 2026 beriicht, wäert zu Athus ab Fréijoer 2027 d’Bréck an der Rue de la Jonction zu Athus ofgerappt an nei gebaut ginn. D’Aarbechte sollen 8 Méint laang daueren. Laut der Gemeng Aubange benotzen all Dag tëschent 15.000 an 20.000 Gefierer dës Verbindung. Dës Stroossespär kéint dozou féieren, dass en Deel vum Verkéier op déi lëtzebuergesch Nationalstroossen N5 an N31 am Kordall auswäicht an et do zu zousätzlechem Stau kënnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung sech mat de belschen Autoritéiten doriwwer ausgetosch, wéi eng Auswierkungen dës Stroossespär op de Verkéier am Kordall, besonnesch op den Nationalstroossen N5 an N31, wäert hunn?  Falls jo, mat wéi vill zousätzlechem Verkéier gëtt gerechent? Falls nee, wéini si Gespréicher geplangt?

  2. Wéi eng Moossnamen si virgesinn, fir den Impakt op de Trafic a Stau am Kordall esou geréng wéi méiglech ze halen?

  3. Wäerte méi Busser an Zich agesat ginn, fir de Grenzverkéier, grad wärend de Spëtzestonnen, besser ëmzeleeden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4950

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert