Questions parlementaires
Modifikatioun vun den Donnéeën am Patientendossier DSP
An der parlamentarescher Fro n°4220 hat ech op Problemer mat feelenden an onvollstännege Patientendossieren an de Lëtzebuerger Spideeler thematiséiert, op Basis vun engem WORT-Artikel 26te Mee am Kader vun hirer Serie „Hospital Secrets“. An dësem Artikel goufe schwéierweiend Problemer am Lëtzebuerger Gesondheetssystem beim Numm genannt. Besonnesch problematesch ass, datt laut dem Artikel d’Krankenakt vum Patient „op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen“ wier an och, dass d’Berichter vun der Operatiounsrapporte onvollstänneg a souguer falsch wieren. An hirer Äntwert vum 8te Juli 2026 huet d’Gesondheetsministesch huet d’Ministesch d’Recht vum Patient op säi Patientendossier ënnerstrach an „d’Flicht fir d’Gesondheetsberuffler, e kompletten, korrekten a reegelméisseg aktualiséierte Patientendossier ze féieren“. Mir goufe weider Fäll zougedroen, an deene Patientendossieren ouni d’Wëssen an den Accord vum Patient vu verschiddene Medezinner geännert goufen. Et leie mer och Fäll vir, wou de Patient keng Informatiounen zu den Donnéeën a sengem Dossier krut.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Existéieren Donnéeën, déi de Patient betreffend sengem Dossier net ka kréien? Falls jo, wéi eng Donnéeë sinn dat?
Existéiere Logfiles fir de Patientendossier? Falls jo, • wat gëtt an dëse Logfiles gespäichert? • wéi laang ginn dës Logfiles gehalen? • wien huet Accès op dës Logfiles a wien kann dës änneren?
Wéi ginn d’Patienten informéiert, wann eng Persoun op hire medezineschen Dossier zougegraff huet?
Wéi soll ee Patient sech uleeën, am Fall wou Ännerungen u sengem Patientendossier gemaach goufen an een déi ursprénglech Versioun erëm wëll consultéieren?
Dierfen d’Donnéeën aus engem Patientendossier, ouni den Accord vum Patient, un extern Strukturen, zum Beispill am Sportberäich, weidergi ginn? Falls jo, wéi gëtt dobäi garantéiert, dass d’Patienterechter, den Dateschutz an de Secret médical respektéiert ginn?
QP Nummer 4952
