Questions parlementaires
Respekt vu Fraerechter an der Schoul
A menge parlamentaresche Froen n° 4173 vun 2021 an elo rezent n°4942 hunn ech de Schutz virun Geschlechterdiskriminéierung am reliéise Kontext thematiséiert. Den 13ten Oktober 2026 huet d’Tageblatt iwwer e Futtballspiller bericht, dee weibleche Fans aus reliéise Grënn den Handschlag verweigert huet. Mir si Fäll bekannt an de Schoulen, wou Educateuren an hirer Aarbecht behënnert goufen, well d’Elteren vum Schüler sech dem Kontakt mat weiblechen Enseignanten aus reliéise Grënn verweigeren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi sollen a wéi dierfen Enseignanten, déi an esou Fäll kommen, reagéieren?
Mat wéi enge Konsequenzen mussen d’Eltere rechnen, déi de Kontakt mat Enseignanten aus reliéise Grënn verweigeren?
Wéi eng Ulafstellen an Hëllefe bitt de Bildungsministère den Enseignanten, déi an esou Fäll kommen?
QP Nummer 4956
