Questions parlementaires
Personalsituatioun an de Prisongen
D’Giischtercher sinn de Garant vun der Sécherheet an eise Prisongen an et ass wichteg, dass si hir Aarbecht a Sécherheet a Gesondheet maache kënnen. A rezenten Presseartiklen op RTL goufen d’Aarbechtskonditioune vum Personal an de Lëtzebuerger Prisongen thematiséiert, déi aktuell engem héijen Drock ausgesat sinn. Eisen Informatiounen no feelt et u Personal an d’Giischtercher an d’Verwaltungspersonal kompenséieren de Personalmangel mat vill Asaz, Flexibilitéit an onbezuelten Iwwerstonnen, wat net gutt ass fir hir Gesondheet an hir Sécherheet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Roudeeg goufe beim Prisongspersonal dëst Joer gestrach, opgelëscht no Prisong?
Wat waren d’Haaptgrënn fir d’Sträiche vu geplangte Roudeeg a wéi eng Moossnamen si virgesinn, fir esou Situatiounen an Zukunft ze limitéieren?
Wéi vill Mol gouf d’Prisongspersonal aus engem Roudag zeréckgeruff, opgelëscht no Prisong?
Wéi vill Iwwerstonne goufe vum Prisongspersonal dëst Joer geleescht, opgelëscht no Prisong?
QP Nummer 5054
