Questions parlementaires
Permission de voirie fir d’Beschëlderung bei Klappjuegten
An engem RTL-Interview vum 29te September 2026 hat de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun erkläert, dass d’Jeeër fir dëst Joer iwwer eng landeswäit „permission de voirie générale“ verfügen, fir d’Schëlder bei Klappjuegten opzestellen, ouni fir all eenzel Plaz eng separat Geneemegung mussen unzefroen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Op wéi enger gesetzlecher Basis gouf dës generell Permission de voirie fir d’Jeeër ausgestallt?
Wéi eng Konditioune sinn domadder verbonnen a fir wéi eng Stroossen a Plaze gëllt dës Autorisatioun?
Gëllt dës generell Permission de voirie och fir d’Gemengestroossen- a weeër oder mussen d’Jeeër fir d’Schëlder laanscht dës Stroossen nach ëmmer eng separat Geneemegung bei de jeeweilege Gemengen ufroen?
QP Nummer 5037
