Questions parlementaires
Schutz vun de Standuert- a Verbindungsdate vun der Police
Déi professionell Smartphones an Tablets, déi d’Police hire Beamten zur Verfügung stellt, souwéi d’Déngschtween, déi mat Mobilfunkverbindungen ekipéiert sinn, kënne bei hirer Notzung Standuertdaten a Verbindungsdate generéieren. Esou Date kéinte Réckschlëss op Beweegungsmusteren, Asazplazen oder sensibel polizeilech Aktivitéiten erlaben. An dësem Kontext stellt sech d’Fro, wéi dës Date bei den Telekommunikatiounsoperateuren an anere Prestatairë geschützt ginn. Dat betrëfft souwuel d’Vorratsdatespäicherung wéi och eng eventuell Weiderveraarbechtung fir d’Zwecker vum Observatoire de la Mobilité.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Falen iergendwellech Donnéeën vun dëse professionellen Apparater an Déngschtween ënnert d’gesetzlech Bestëmmunge vun der Vorratsdatespäicherung? Falls nee, • wéi eng gesetzlech Ausnamen existéieren? • wéi gëtt dësen Ausschloss technesch garantéiert a kontrolléiert a wéi eng zousätzlech Schutzmoossname ginn et hei fir d’Police?
A wéi engem Ëmfang sinn déi professionell Smartphones, Tabletten an Déngschtween vun der Police mat SIM- oder eSIM-Kaarten equipéiert?
Ginn d’Donnéeën, déi d’Polizisten mat hire professionellen Apparater, (e)SIM-Kaarten oder Déngschtween genéréieren an hir Lokalisatioun an d’Beweegungen kéinte Präis ginn, geschützt a falls jo, wéi eng zousätzlech Schutzmoossname existéieren fir d’Police? Sinn d'(e)SIM-Kaarten vun der Police vun der Datenerhiewung duerch den Observatoire de la Mobilité ausgeholl?
Bei den Déngschtween: wéi eng Verbindungen déngen ausschliisslech dem 112-eCall-System a wéi eng ginn och fir aner vernetzt Servicer benotzt?
Bei wéi engen Operateuren, Hiersteller oder anere Prestatairë ginn d’Date vun der Police gespäichert, a wéi laang gi se versuergt?
Gouf de Risiko analyséiert, datt duerch d’Verknëppung vu pseudonymiséierte Mobilitéitsdate mat aneren Informatiounen eenzel Policebeamten, Déngschtween oder Asazleef identifizéiert kënne ginn? Wéi eng Konklusiounen a Schutzmoossnamen erginn sech aus dëser Analys? Goufen d’CNPD an déi zoustänneg Sécherheetsinstanze mat dëse Froe befaasst a falls jo, wat ass hir Analyse?
Wéi gëtt verhënnert, datt Hiersteller oder aner Prestatairen iwwer déi professionell Smartphones, Tabletten oder vernetzt Déngschtween Zougang zu sensibele Standuertdaten a Verbindungsdate kréien oder dës fir aner Zwecker weiderbenotzen?
Gesäit d’Regierung zousätzleche rechtlechen oder techneschen Handlungsbedarf, fir den Dateschutz vun de polizeilechen Asätz ze verbesseren?
QP Nummer 5038
